Dee grousse kalifornesche Festival ass jidderengem bekannt. Genee dowéinst stéiert et Si, dass eng brittesch Organisatioun de "Couch-ella" starte wollt.

Déi brittesch Organisatioun "MS Trust" huet ënnert anerem als Missioun de breede Public op d'Problemer vun der Multipler Skleros opmierksam ze maachen, an ënnerstëtz Persounen, déi un dëser Kränkt leiden. Dofir muss een natierlech och ëmmer nees Sue sammelen, an eeben Aktioune starten. Dofir hate se sech eng Spendenaktioun afale gelooss, déi den Numm "Couch-ella" droe sollt.

Ma déi dierft awer net esou stattfannen, op mannst net ënnert deem Numm. Wéi eng Spriecherin vum "MS Trust" matgedeelt huet, kruten si den 23. Juli ee Bréif. An zwar vun den Affekote vum Festival. Do dran huet een d'Organisatioun wësse gelooss, dass si den Numm "Couch-ella" net dierft notzen, well d'Organisateure vum Festival sech d'Endsilb "chella" schütze gelooss hunn. Dowéinst dierft also keen ee Wuert benotzen, dat ma "chella" ophält.

Bei der Organisatioun huet dat natierlech net onbedéngt fir Begeeschterung gesuergt. Et hätt een zwar ee Moment iwwerluecht den Numm net ze änneren. Mee vue dass de Bréif direkt vun Affekote verschéckt gouf, hätt ee sech net op een deiere Prozess viru Geriicht wéilten aloossen. Dat géif den "MS Trust" ze vill Sue kaschten, déi een net fir den eigentlechen Zweck notze géif: nämlech Leit ze hëllefen. Dofir gouf aus dem Couch-ella dann elo den "MS Trus Home Festival".