Den Dag ass ëmmer méi no geréckelt, un dem den neien Album vum Katy Perry definitiv dobausse sollt sinn. Ma elo gëtt et awer eng schlecht Noriicht.

All d'Fans a Frënn vum Katy Perry oder senger Musek, mussen awer nach méi laang hir Gedold beweisen. Den Album "Smile" sollt eigentlech de 14. August eraus kommen. Doraus gëtt awer elo näischt, wéinst Problemer bei der Produktioun vum Album.
D'Sängerin huet déi schlecht Noriicht iwwer Instagram iwwerbruecht. A sengem Post schreift d'Katy, dass et em wierklech leed deet elo esou schlecht Nouvellen ze hunn. Et hätt och fest domat gerechent, dass de Longplayer de 14. August dobaussen ass, mee et wier leider anescht komm.

Den neie Release-Datum vum Album soll dann elo den 28. August sinn. Mee d'Katy well seng enttäuschte Fans awer net hänke loossen. Dofir huet d'Sängerin annoncéiert, dass elo vum 2. August un all Sonnden zum "Smile-Sunday" gëtt. Dat bis den Album dobaussen ass, oder dem Katy säi Meedchen op d'Welt kënnt.
Bei de "Smile-Sundays" wäert d'Sängerin Froen ronderëm den Album beäntwerten, an éischt Merchandise-Artikelen virstellen.