© KEVIN WINTER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
E Sonndeg den Owend - déi beschte Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Alicia Keys
"Ech hat deemools eng Aart Wäisheet a mir, wéi wann ech scho jorelaang Erfarung gehat hätt - gläichzäiteg awer keng blass Anung vun iergendeppes." Dat seet d'Alicia Keys iwwert d'Zäit an där hatt mat der Single "Fallin'" am Teenager-Alter säi groussen Duerchbroch konnt feieren. Gläichzäiteg konnt hatt direkt mat sengem Debut-Album "Songs in A Minor" 5 vu sengen insgesamt 15 Grammys gewannen.
2020 sollt fir d'Sängerin eigentlech e grousst Joer ginn: Biographie, neien Album & Welt-Tournée. Dat Eenzegt wat geklappt huet war de Release vu senger Biographie "More Myself: A Journey". Fir de Rescht huet de Coronavirus dem Alicia Keys e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. De Release vu sengem 7. Longplayer "Alicia" huet missen op den 31. Dezember verréckelt ginn an d'Welt-Tournée gouf ofgesot.
Den 11. Juli hätt d'Musekerin och sollte bei eis op Lëtzebuerg an d'Rockhal kommen - et wier sécherlech ee vun den Highlights am Concertsjoer 2020 gewiescht. Glécklecherweis gouf awer elo en neien Datum fonnt, deemno kënnt d'Alicia de 16. Juli 2021 bei eis an de Grand-Duché. Fir d'Virfreed op d'nächst Joer ze steigeren, spille mir iech dëse Mëttwoch e Live-Concert vum Alicia Keys aus dem Congress Centre zu Basel.
Erlieft den d'Alicia Keys live bei eis am Programm - e Sonndeg den Owend vun 22h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App!