Den 13 Joer alen Keedron gouf zur Internet-Sensatioun. Elo huet en säi Lidd offiziell erausbruecht.

De 27. Mee huet den 13-Joer ale Keedron Bryant ee Video eropgelueden. Ze gesinn, oder vill méi wichteg, ze héiere gouf et do dem Bryant säi Lidd "I Just Wanna Live". Ee Lidd, dat vill Leit ugeschwat huet, nom Dout vum George Floyd an de Protester déi dowéinst ugefangen hunn.

Den originale Video, gefilmt vum Keedron senger Mamm mam Smartphone, gouf iwwer 3 Millioune mol gekuckt, a vu Leit wéi dem Barack Obama, LeBron James, Janet Jackson oder Lupita Nyong'o gedeelt.

Den 19. Juni, also um Juneteenth, deen Dag wou déi afroamerikanesch Communautéit an den USA d'Ofschafung vun der Sklaverei feiert, gouf d'Lidd "I Just Wanna Live" offiziell erausbruecht. Zesumme mat Warner Bros, gouf d'Lidd net nëmmen als Single erausbruecht, mee och mat engem passende Video ausgestatt. Am Video gesäit een ënnert anerem de Keedon op de Knéien, virun engem wäisse Polizist dee mat der Waff op hien ziilt.