Soss hu Museker sech fir hir Musekvideoen ganz extravagant Saachen afale gelooss. Elo an der Pandemie kann een awer och mat einfache Saachen opfalen.

De Lauv huet viru kuerzem seng EP "Without You" erausbruecht. A fir d'Single "Love Somebody" koum elo ee Video eraus. Deen nawell fir vill Diskussioun gesuergt huet. Awer net well en iergendeppes Extremes oder Obszönes do mécht.

Am Video geschitt eigentlech net vill: de Lauv an eng Fra stinn iergendwou ënnert fräiem Himmel. Mee, dee ganze Video iwwer, leien déi zwee sech an den Äerm. Elo an der Pandemie, wou Kierperkontakt mat anere Leit immens reduzéiert ass, an ee sech emol net méi d'Hand gëtt, fält esou ee Video natierlech op.

Bei de Kommentarer ënnert dem Video, sinn d'Leit och e bësse kritesch ënnerwee. Well Social Distancing gesäit natierlech anescht aus, an och eng Mask huet kee vun deenen zwee un. Natierlech weess een awer net genee ënnert wéi enge Konditiounen dee Video do gemaach gouf. Dee ganze Video iwwer gesäit een nämlech net d'Gesiicht vun der Fra. Et kéint also effektiv sinn, dass déi zwee och zesummen am Lockdown waren. Oder et wier méiglech, dass allebéid een negative Covid-19 Test hunn.

An awer ass et erstaunlech, dass ee mat esou engem einfache Geste fir eng Diskussioun suerge kann. Wat esou eng Pandemie awer verännere kann.