Et ass een Thema, dat schonn eng ganz Zäit fir Diskussioune suergt: wa Politiker Musek notzen, ouni virdrun ëm Erlabnis ze froen. Dat soll elo ophalen:

An engem oppene Bréif hu sech eng ganz Partie vun deene groussen Nimm zesummegedoen. Hiert Zil: dass Politiker an Zukunft net méi dierfen ee Lidd notzen bei hire Walveranstaltungen ouni virdrun d'Erlabnis dofir ze kréien.

Um Bréif hu Leit wéi Mick Jagger, Steven Tyler oder och d'Sheryl Crow ënnerschriwwen. Zesumme mat der "Artist Rights Alliance" hunn d'Museker een oppene Bréif opgesat, an dem ee verlaangt, dass ee Politiker net méi einfach esou dierf Lidder fir seng Zwecker notzen. Den Donald Trump ass do ee Paradebeispill: ëmmer nees notzt e Lidder vu Kënschtler, déi schonn dacks soten, dass se hien net ënnerstëtzen, oder bei deenen et gewosst ass, dass se en net gutt fannen. Dofir goufen et schonn "Cease and Desist" Bréiwer vu Panic! At The Disco, de Rolling Stones, der Famill vum Tom Petty oder och Linkin Park.

Mam Bréif ass zwar och sécher den amtéierende President gemengt, mee net nëmmen. Et géif am Bréif och drëms goen, dass et net richteg ass, dass ee Museker muss seng politesch Meenung duerleeën, just well ee Politiker ongefrot d'Musek notzt.