D'Band huet een Update ginn, wéi et mat hirer Tour vun dësem Joer weidergeet.

Eigentlech sollten d'Fans vu Biffy Clyro dëst Joer voll op hir Käschte kommen. Een neien Album sollt erauskommen, an eng Tour duerch d'UK, Europa an Australie war geplangt.

De Release vum Album gouf schonn no hanne verréckelt. "A Celebration of Unique Endings" kënnt awer elo de 14. August eraus. Et wier also genuch Zäit gewiescht, den Album bis zum Start vun der Tour ze verënnerlechen. Ma d'Fans mussen awer elo nach e bësse Gedold hunn. D'Tour sollt de 25. September starten, an déi schottesch Band dann och den 22. Oktober hei op Lëtzebuerg féieren.

Op Facebook huet d'Band awer elo ee Statement mat Video gepost, an dem déi dräi Schotten erklären, wisou se des Decisioun missten huelen. De Grond dofir ass natierlech d'Pandemie wéinst dem Coronavirus. Well d'Situatioun nees ugespaant ass, an et éischter schwiereg gëtt ee Concert an der gewinnter Aart a Weis ofzehalen, wollt ee léiwer kee Risiko agoen.

D'Band huet awer präziséiert, dass se weider no neien Datumer sichen, an och all d'Ticketen déi virbestallt goufe weider valabel bleiwen.