Den däitsche Rapper huet d'Panda-Mask wéi et schéngt definitiv ofgedoen. Wat kënnt elo?

2011 war en op eemol do: de Rapper mat der Panda-Mask. Mat sengem Hit "Easy" huet sech d'Liewe vum Carlo Waibel aus Mutlangen alles geännert. Elo, bal 10 Joer méi spéit kéint et awer eriwwer si mam Cro. Oder just mat senger Panda-Mask? Genee déi Froe stelle sech grad vill Fans ewéi wëll. Hält en op? Oder ass et ganz eriwwer?

View this post on Instagram

#restinpeace @thisiscro

A post shared by ⠀⠀⠀⠀⠀⠀⠀⠀⠀⠀ (@thisiscro) on

Op déi Froe ginn et awer nach absolut keng Äntwerten. Op dem Cro sengem Instagram-Account ass och all Contenu verschwonnen, bis op zwee Videoen. Eemol eben de Video, op dem ze gesinn ass, wéi d'Mask ënnert der Äerd verschwënnt. Ma deen anere Video, deen nach do virdru gepost gouf mat der Caption "It's been an honor" an dem Hashtag "flashback" beschriwwen. Dorop gesäit een Highlights a Momenter aus dem Cro senger Karriär. Ganz liicht wierkt et esou, wéi wann ee sech am Cro sengem Gehier befanne géif.

Wat dat elo genee alles bedeit, wësse mer net. Wuel oder iwwel, musse mer op ee Statement vum Cro selwer waarden. D'Hoffnung bleift awer, dass de Cro just eppes Neies probéiert, an net ganz vun der Bildfläch verschwënnt.