Nodeem hien de Grammy gewonnen huet wëll den Post Malone Beier Pong Weltmeeschterschaft aféieren.

Et ass jo bekannt dass den Post Malone vill verréckt Iddien huet. Ma hie wëll elo senger Passioun nogoen an eng Béier- Pong Weltmeeschterschaft an d'Liewe ruffen. De Béier-Pong war virdrun ee Wettkampfsport, an ass haaptsächlech aus Spaass bedriwwe ginn. An de Post Malone? Dee wëll doräusser elo eng offiziell Weltmeeschterschaft maachen, mat allem wat dobäi gehéiert. Hie soll dem Newsportal "TMZ" no och schonn de passenden Numm fir eent vun deene beléiftsten Drénkspiller fonnt hunn. Hie wëll des "nei" Sportaart mam Numm  "World Pong League" duerchsetzen.
Ënnert dësem Numm sollen awer net nëmme Ping Pong Bäll ronderëm fléien, mee et sollen och grouss Veranstaltungen an Ausstellunge stattfannen. Kléngt manner no Sport wéi no Party, mee géif een dach sécher kucke goen, nee?