Haut virun engem Joer, huet déi brittesch Sängerin decidéiert Alkohol stoen ze loossen. Elo huet d'Sängerin een Update ginn.

D'Lily Allen huet virun engem Joer decidéiert säi Liewen e bëssen anescht ze gestalten. Virun allem ganz ouni Alkohol. A wéi et schéngt, ass d'Sängerin ganz zefridden esou. An engem Instagram Post huet d'Lily Allen e puer Fotoe gedeelt, wéi et elo ausgesäit. Op de Fotoe wierkt déi 35 Joer al Sängerin richteg glécklech an entspaant. Do dierft zwar och hëllefen, dass d'Lily aktuell an Italie Vakanz mécht an do d'Sonn genéisst. Wéi et schéngt awer eleng.

Ma op der leschter Foto vu sengem Post, gesäit ee wéi d'Sängerin soss alt no enger laanger Nuecht ausgesinn huet: d'Hoer duercherneen, an d'Aen hallef zou. Ee Bild, dat ee wuel net méi beim Lily erliewe wäert. Nei Musek dierft och nach ustoe bei der Brittin: virun zwou Wochen huet hatt nach eng Foto gepost, an dobäi geschriwwen, dass et no 7 Minutten am Studio scho midd wier. Wéini mer mat neiem Material rechnen dierfen, ass awer net bekannt.