Et handelt sech hei ëm ee "Visual Album". Amplaz just Musek ze lauschteren, kritt een hei nach eng ganz Geschicht ronderëm d'Lidder gebueden.

Dem Beyoncé säi "Visual Album" war schonn eng Zäitchen annoncéiert. Haut ass et dann esou wäit: Black is King ass ab elo exkusiv op Disney+ disponibel. Schlecht also fir all d'Lëtzebuerger Beyoncé-Fans. Bei eis dauert et jo nach ee klenge Moment bis mer d'Streaming Plattform vun Disney abonnéiere kënnen. An awer kann ee schonn een éischte Video vu "Black is King" op YouTube kucken.

D'Lidd heescht "Already" a gouf zesumme mat Major Lazer a mam Ghanesche Sänger a Rapper Shatta Wale opgeholl. Am Video dovun, gesäit ee scho gutt wat ee sech bei "Black is King" erwaarde kann. D'Beyoncé hat jo och schonn ugekënnegt, dass "Black is King" dozou dénge soll den afrikanesche Kontinent ze zelebréieren, an esou och d'Hierkonft vun der Afro-Amerikanescher Communautéit.