D'Fans vum Multitalent aus Florida hu laang drop gewaart. Elo ass dann endlech deen éischten Album vum Dominic Fike dobaussen.

Den Dominic Fike an ee Genre ze stiechen ass eigentlech net méiglech. A genee dat ass et, wat de Museker aus Florida esou interessant mécht. Sief et rappe, sangen oder och op der Gittar abgoen. Dat sinn alles Saachen, déi den Dominic Fike ouni Problem hikritt. A virun allem bleift en ëmmer sech selwer trei a senger Musek. "What could possibly Go Wrong" ass den Titel vu sengem éischten Album, mat dem en seng Fans mat a seng eege Welt hëllt.

Op deene 14 Tracks vum Album, fënnt ee Songs mat poppegem Sound, déi absolut hänke bleiwen, wéi zum Beispill "Chicken Tenders". Aner Titelen, wéi zum Beispill "Politics And Violence" bidden ee radikale Beat-Wiessel ënnerhalb vum Track. Ma et ass souguer ee Lidd dobäi, bei dem dem Fike seng Stëmm einfach vun engem Sträich-Ensemble begleet gëtt. Ee Lidd bei dem de 24-Järegen sech och net ganz sécher war.

Eppes ass jiddefalls sécher: all Lidd dat um Album ass net duerch Zoufall do drop gelant. Den Dominic Fike huet sech nämlech ganzer zweeanenhalleft Joer Zäit gelooss fir den Album "What Could Possibly Go Wrong" fäerdeg ze stellen.