Et ass déi éischt Single déi d'Sängerin elo erausginn huet, nom Bond Song "No Time To Die".

D'Virfreed war riseg, wéi d'Billi Eilish einfach emol spontan ugekënnegt huet, dass een den 30. respektiv 31. Juli mat engem neien Lidd vun him rechnen dierft. "My Future" ass déi éischt nei Single zanter dem Februar, wéi d'Billie säi Bond-Song bei de Brit Awards präsentéiert hat.

Seng nei Single "My Future" weist nees eng aner Säit um Billie Eilish. Den Titel ass onerwaart positiv, och wann een dat bei den éischte Kläng net denkt. D'Lidd fänkt ganz duuss a roueg un, kritt awer duerch een Tempo-Wiessel an der Mëtt vum Song nach eemol eng ganz nei Energie an och een neie Sënn. Ma och wann een sech den Text emol méi genee ukuckt, entdeckt een ee ganz schéinen an einfache Message, deen sech am Beschte mam Refrain resuméiere léisst.

"'Cause I, I'm in love
With my future
Can't wait to meet her
And I (I), I'm in love
But not with anybody else
Just wanna get to know myself"

Am Lidd geet et also drëms, dass d'Billie mat sech selwer am rengen ass oder op mannst um beschte Wee fir dohin. An et sech einfach op alles freet wat kënnt. An et wëll och keng aner Persoun vu sengem Gléck ofhängeg maache wéi sech selwer. Ee Message deen natierlech immens wichteg ass. Dat besonnesch vun enger Persoun wéi dem Billie, dat trotz sengem jonken Alter esou an der Ëffentlechkeet steet, an immens éierlech ass domat, wéi et him perséinlech geet.