© e-Lake
D'Organisateure vum e-Lake hate lescht Woch annoncéiert, datt een dëst Joer eng digital Versioun vum beléifte Festival maache wäert.
Dëse Freideg sinn Detailer kommunizéiert ginn. Et ginn zwee Live-Concerte gespillt, dat den 8 August - d'Plaz gëtt net verroden. Dat Ganzt kann online gekuckt ginn. Lass geet et um 20 Auer.
Ufänke wäerten d'Hip-Hopper vun der Band Freshdax, duerno kënnt de Museker Serge Tonnar an ofgeronnt gëtt d'Event mat engem DJ-Set vum Mark Sixma, dat am Virfeld schonn op geholl ginn ass.
Weider Informatioune ginn et op www.e-lake.lu.