© YOSHIKAZU TSUNO / AFP
Am Oktober 2000 gouf de Stee geluecht fir d'Karriär vu Linkin Park. An dat soll och gefeiert ginn.
Den Album "Hybrid Theory" war de Startschoss fir déi deemools nach gréisstendeels onbekannten Band "Linkin Park". Et war deen éischten Album vun der Band, déi sech uganks och nach "Hybrid Theory" genannt hat. Nodeems se awer bei Warner Music ënner Vertrag koumen, ass opgefall, dass ech et schonn eng Band gouf déi "Hybrid Theory" geheescht huet. Doropshin gouf den Numm geännert a "Linkin Park" war gebuer.
Am Oktober sinn et dann 20 Joer hir, dass d'Band deen éischten Album erausbruecht huet. An dat well een och feieren. Dat huet de Mike Shinoda an engem Interview mat Kerrang! verroden. D'Band wëll dësen Erfolleg zesumme mat hire Fans feieren, well ee sech bewosst ass, dass "Hybrid Theory" net nëmme fir d'Band selwer eng wichteg Plaz huet.
Wéi een dëse Gebuertsdag wäert feieren, huet de Shinoda awer nach net verroden. Et hätt een awer am Virfeld scho mat verschiddene Leit geschwat, fir eraus ze fannen, wat ee maache kéint. An et hätt een och scho vill gutt Iddien gesammelt, déi d'Band awer nach net mat hire Fans deele kann.
Op et villäicht och neit Material gëtt, weess een nach net. Viru kuerzem hat d'Band verroden, dass se nach onverëffentlecht Lidder hätt, dat den Chester nach agesongen hat. Zanter dem Selbstmord vum Leadsänger am Joer 2017, hat d'Band decidéiert sech Zäit ze loossen fir ze kucke wéi et weidergeet.