Déi nei Single nennt sech "Jungle", an ass eng Hymne un den déiwe Schlof.

Déi lëtzebuergesch Band Tuys ass aktuell am gaange sech op engem aneren Terrain auszeprobéieren. Hir Serie "A Curtain Call for Dreamers" besteet aus 5 Deeler, a soll hir Musek mat Aspekter aus dem Theater verbannen. "A Curtain Call for Dreamers" kéint een als eng Libeserklärung verstoe fir Leit déi sech trauen ze dreemen. Well dreeme bedeit och kreativ sinn, a lassloossen.

A genee dat Gefill soll dann och hir nei Single "Jungle" vermëttelen. Wéi d'Band selwer erkläert, heescht den Titel Jungle, well d'Dreemen dee metaphyseschen Equivalent dozou ass, wann ee mat plakege Féiss duerch de Bësch trëppelt. Et ass een Eenz mat sech an der Welt ronderëm. Den Ursprong vun "Jungle" war eigentlech, dass et ee Schloflidd sollt ginn fir ee Kolleg vun Tuys, dee mat Insomnia geplot ass an ass dunn eng Hymne un de Schlof ginn.

"Jungle" ass déi 4. Episod aus "A Curtain Call for Dreamers". Dee fënneften a leschten Deel soll dann den 18. September kommen. Da kann een sech "A Curtain Call for Dreamers" och als CD oder digitalen Download besuergen.