E Freideg huet d'Sängerin den Titel an och de Release-Datum vun sengem Debüt-Album bekannt ginn.

Mat der Single "sweet but psycho" huet d'Ava Max seng Karriär gestart. Ee kompletten Album vun der Kënschtlerin gouf et awer bis elo nach net. Den 31. Juli hat d'Ava Max an dem Punkt awer gutt Nouvellen. Souwuel den Titel, wéi och de Release Datum vun dësem, sinn elo bekannt. Den Album wäert "Heaven and Hell" heeschen an dann den 18. September normalerweis dobausse sinn. E bësse méi speziell: op dem ganze Album wäert et kee Feature ginn. Eng éischter ongewéinlech Approche.

E Freideg hat d'Ava Max och nees eng nei Single erausbruecht. Des heescht "Who's laughing now", an soll dem Ava Max no an enger gewësser Aart a Weis eng Fortsetzung vu senger Single "Sweet but Psycho" sinn. Et geet drëms, dass et no enger schwiereger Zäit nees besser gëtt, an een endlech d'Luucht um Enn vum Tunnel gesäit.