D'Band huet e Méindeg op hirer Homepage matgedeelt, dass Enn August een neit Lidd erauskomme soll. A kuerz drop dann och nach ee kompletten Album.

Wann d'Ärzte eppes maachen, dann och ëmmer op hir Aart a Weis. Esou war et dann och de Fall, wéi déi "bescht Band vun der Welt" gëschter Owend eng Nouvelle hate fir hir Fans:

"Pauken am Morgen – wer kennt das nicht? Es war ein langer Abend vor einer unvergesslichen, aber viel zu kurzen Nacht … jetzt liegen die Orchesterinstrumente vor sich hindämmernd überall verstreut im Schlafzimmer. Hoffentlich gab es keine Zeugen. Gott, wenn es dich gibt, bitte lass sie noch gestimmt sein!"

Et kënnt also eng nei Single eraus déi sech "Morgens Pauken" nennt. Dës soll den 21. August dobaussen an dann och op Vinyl, als Download, oder via Streaming disponibel sinn. D'Ärzte gi souguer esou wäit, dass hir nei Single de beschte Kolleg vun de Fans gi wäert.

Nach villäicht méi interessant, ass dann d'Nouvelle ronderëm een neien Album. Do huet sech d'Band awer éischter kuerz gefaasst: "Ein neues Album von die ärzte erscheint im Herbst 2020".