© Theo Wargo / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Et ass déi éischt Single vum Cardi B fir dëst Joer.
Via Instagram hunn déi zwou Rapperinnen matgedeelt, dass se sech fir eng Single zesumme gedoen hunn. Ganz vill ass awer nach net bekannt iwwert d'Lidd.
Bis elo weess ee just, dass d'Single wäert WAP heeschen, an se soll och scho ganz geschwënn kommen. Fir genee ze sinn, soll se dëse Freiden, de 7. August schonn iwwerall disponibel sinn.
Fir d'Cardi B ass et déi éischt eege Single vun dësem Joer, a fir d'Megan Thee Stallion dat éischt neit Material zanter senger EP Suga am Mäerz.
Aktuell ass d'Megan Thee Stallion am gaange sech vun enger Operatioun z'erhuelen. D'Rapperin krut de 15. Juli an déi zwee Féiss geschoss. Der Kënschtlerin no wier et eng geziilt Attack gewiescht, mam Zil him kierperlech ze schueden. Et wiere bei der Attack awer glécklecherweis keng Seenen oder Schanke beschiedegt ginn.