© Neilson Barnard / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
D'Taylor Swift ass gewinnt Erfolleg ze hunn. Ma mat sengem aachte Studioalbum rifft et souguer ganz nei Rekorder an d'Liewen!
Mam Release vu sengem 8. Studioalbum folklore huet d'Taylor Swift immens iwwerrascht. Wéi et schéngt awer virun allem positiv. Den Album gouf vu Kritiker a Fans quasi nëmme gelueft. Wéi beléift en ass gesäit een elo och an den Charts. An do stellt déi 30 Joer al Sängerin nëmmen nach weider Rekorder op. Verschiddener gouf e virdru mol nach net!
Esou ass d'Leadsingle vum Album "Cardigan" direkt op der éischter Plaz vun de Billboard Hot 100 gelant. Domat ass et déi éischte Kéier iwwerhaapt, dass ee Kënschtler einfach vun der 0 op d'1 erageklommen ass, dat souwuel an den Hot 100 an den "Billboard 200"-Charts. Domat awer nach ëmmer net genuch: d'Taylor Swift ass och déi éischt Persoun déi et hikritt huet direkt zwou Singlen an hirer éischter Woch an den Top 4 ze placéieren vum Hot 100 Klassement. Donieft huet seng Single "exile" mam Bon Iver et och nach op Plaz 6 gepackt. Also huet d'Taylor direkt 3 Singlen an den Top 10 vun den Charts stoen.
An der Sängerin hir Reaktioun dorop? Ma wéi et schéngt hat d'Taylor net domat gerechent. Wéi d'Sängerin de Message vu Billboard retweet huet, huet et just nach ee GIF vum Dwayne "The Rock" Johnson dobäi gesat, op dem "OH MY GOD" ze liesen ass.