Well den Trump op Events d'Lidder "Rockin' in the Free World" an "Devil's Sidewalk" gespillt huet, zitt de Rockstar géint hie viru Geriicht.

De Museker Neil Young verklot d’Team vum US-President Trump wéinst Urheberrechtsverletzung. Bei Events vum Trump goufe Lidder vum Rockstar gespillt. Dem Young no kéint hien et net erlaaben, dass seng Musek fir eng spalterech onamerikanesch Campagne vun Ignoranz an Haass benotzt gëtt. Och aner Stare wéi Rihanna a Phareell Williams hunn dem Trump well verbueden hir Musek ze benotzen.