A virun allem an engem Boot dat voll ass mat bekannte Sänger a Produzenten.

Dem Dua Lipa säin Album "Future Nostalgia" ass nach keng 6 Méint dobaussen. An awer soll et deemnächst eng nei Versioun gi vum Album. Dës wäert dann och "Future Nostalgia: The Remix Version" heeschen. An et ass ee Remix deen et a sech huet. Bei der neier Vertounung vum Dua Lipa sengem Album sinn ënnert anerem d'Missy Elliott, d'Madonna, de Mark Ronson oder och nach d'Gwen Stefani. An dat sinn nëmmen e puer Nimm. Wéi d'Sängerin a sengem Post geschriwwen huet, wäerten der nach ganz vill méi um Longplayer opdauchen.

Domat net genuch: de Remix vum Album wäert och elo ganz séier dobausse sinn. Schonn ab dem 21. August sollen d'Fans sech kënnen op déi nei Versioun freeën. Obwuel et net méi all ze laang bis den 21. August ass, wëll d'Dua Lipa schonn am Viraus zwou Singelen auskoppelen. Den Track "Levitate" dee mam Madonna a mam Missy Elliott opgeholl gouf, kënnt zum Beispill schonn de 14. August eraus.