Mat der App TikTok start The Weeknd een "Augmented Reality" Concert. An nei Musek soll och kommen.

2020 fuerdert virun allem eppes vun de Kënschtler: ëmdenke wat Concerten ugeet. The Weeknd schéngt do mat der Social-Media Plattform TikTok eng Niche fonnt ze hunn. De 7. respektiv 8. August eiser Zäit, wäert et op der App een "Augmented Reality" Concert ginn. Et soll dann eng ganz besonnesch Aart a Weis sinn fir den "After Hours" Album vum amerikanesche Museker z'erliewen. Donieft ka wärend dem Concert och nach gespent ginn, an zwar fir d'"Equal Justice Iniative". Wien live mat dobäi si wëll muss sech awer ee Wecker stelle: de Concert gëtt nämlech den 8. August ab Mueres halwer 3 gewisen.

Do virdrun kënnt awer och nach eng nei Single eraus. Hei soll et sech ëm eng Kollaboratioun vum Weeknd zesumme mam verstuerwene Rapper Juice WRLD handelen.

Dësen huet nämlech d'Zuel "999" ëmmer nees benotzt. Donieft hat den Juice WRLD schonn am September lescht Joer getwittert, dass ee Lidd mat him a mam Weeknd sécher een "Diamond Record" wier.