Bei enger virtueller Late-Night-Show huet d'Selena Gomez mat engem Optrëtt iwwerrascht. An engem méigleche Feature an der Zukunft.

Bei der Late-Night-Show "Animal Talking" op der Gamer-Plattform Twitch hat sech d'Selena Gomez elo ganz iwwerraschend gewisen. Dat awer net wéi mer et soss kënnen, mee a Form vun engem "Animal Crossing"- Avatar. Dat ass nämlech dat besonnescht un dëser Late-Night-Show: jiddereen kënnt als Animal-Crossing Personnage op Besuch. Wat d'Iwwerraschungen natierlech méi einfach maachen.

Ma den Optrëtt vum Selena war awer net déi wierklech Iwwerraschung. Déi ass eréischt am Laf vum Gespréich komm. Den Host Gary Whitta huet d'Selena nämlech gefrot, mat wiem et eemol gäre géif zesumme schaffen. An do ass een Numm gefall, op dee wuel vill Fans vum Selena scho ganz laang hoffen: Taylor Swift. Et ass jo bekannt, dass déi zwou Musekerinnen privat och gutt Frëndinne sinn. Ma an hirer Musek huet een dat awer nach net héieren. Bis elo gëtt et nämlech nach keng Kollaboratiounen tëscht deen zwee. An dat obwuel se allen zwee immens erfollegräich Karriären hunn.

Wéi den Host vun "Animal Talking" duerno nach sot, dass esou eng Kollaboratioun jo just nach eng Fro vun der Zäit dierft sinn, huet d'Sängerin just mat engem laachenden "You never know" geäntwert.