No der déidlecher Explosioun um Hafe vun der libanesescher Haaptstad brauch d'Land Hëllef. Déi zwou Kënschtlerinnen wëllen hiren Deel dozou bäidroen.

Déi schlëmm Explosioun an der libanesescher Haaptstad Beirut huet bis elo 137 Mënschen d'Liewe kascht. Ronn 5'000 weider Persoune goufe blesséiert. An ee groussen Deel vun der Stad ass komplett zerstéiert. Besonnesch elo an der Coronakris, ass d'Land dofir op d'Hëllef vun anere Länner a Leit ugewisen.

Ma Stars wéi d'Halsey, d'Ariana Grande oder och d'Dua Lipa wëllen hëllefen. Dofir hunn d'Musekerinnen och hiren Afloss op de soziale Medien genotzt. D'Halsey huet zum Beispill als éischt gefrot, wéi et wierklech esou kéint hëllefen, dass seng Ënnerstëtzung op deene richtege Plazen ukënnt. An huet déi proposéiert Site vu senge Fans och direkt weider getweet.

D'Ariana Grande huet gesot, dass et wäert ënnert anerem un d'Rout Kräiz aus dem Libanon spenden a seng Fans gefrot dat selwecht ze maachen. Donieft sot d'Ariana, dass et a senge Gedanke bei de betraffene Leit aus der Regioun ass.

Och d'Dua Lipa huet sech informéiert, a verschidden Initiative verlinkt, a senge Fans gesot, wéi se kënnen hëllefen. Sief dat op der Plaz oder aus der Distanz. D'Sängerin huet och präziséiert, wéi schlëmm des Explosioun de Libanon trëfft. D'Land huet aktuell och nach mat politeschen Onrouen, enger ekonomescher Kris, an enger Hongersnout ze kämpfen.