Freides ass den Dag vun der neier Musek. Ënnert anerem sinn déi heite Singles eraus komm:

1. Juice WRLD ft The Weeknd - Smile

Schonn e Mëttwoch hat The Weeknd annoncéiert, dass eng Single erauskënnt, déi hien zesumme mam Rapper Juice WRLD opgeholl hat, ier dësen am Alter vun 21 Joer gestuerwen ass. D'Single heescht Smile, a kléngt esou:

2. Cardi B. ft Meghan Thee Stallion - WAP

Eng aner Kollaboratioun déi scho méi fréi des Woch annoncéiert gouf, ass déi tëscht dem Cardi B an Meghan Thee Stallion. Do ass och schonn direkt een opwänneg produzéierte Video dobäi erauskomm, bei dem och ee Gaaschtoptrëtt vun enger nawell zimlech bekannter Persoun dobäi ass. An et gëtt ganz vill Haut ze gesinn am Video!

3. Doja Cat - Freak

D'Single "Freak" vum Doja Cat ass net onbedéngt nei. D'Single ass schonn zanter November 2018 op Soundcloud disponibel. Nodeems d'Lidd awer och op der Video-Plattform TikTok beléift ginn ass, huet d'Doja Cat decidéiert "Freak" och grouss eraus ze bréngen. Wann der denkt, dass déi Melodie iech bekannt firkënnt hutt der iwwregens Recht. "Freak" baséiert op engem Sample vum Titel "Put Your Head On My Shoulder" vum Paul Anka.

4. Machine Gun Kelly ft blackbear - my ex's best friend

Dem Machine Gun Kelly seng nei Single "my ex's best friend" ass déi zweeten Auskopplung aus sengem fënnefte Studio-Album "Tickets To My Downfall". Wéini dëse kënnt ass awer leider nach net bekannt. Dofir kann ee sech awer em sou méi iwwert seng Single zesumme mam Blackbear freeën. "my ex's best friend" bleift gutt am Ouer hänken. Bei der Single geet et drëms, dass ee sech an déi bescht Frëndin vun der Ex verléift. Dem Blackbear säin Album soll iwweregens de 14. August, also an enger Woch dobausse sinn.