D’Lady Gaga freet sech iwwert de Succès vu "Rain on Me". Dofir gëtt d'Sängerin elo exklusiv Abléck hannert d'Kulisse vum Videodréih.

Dem Lady Gaga an Ariana Grande hiren Hit “Rain on me” aus dem Album “Chromatica” ass dëst Joer ganzer siwe mol fir den MTV Video Music Award nominéiert ginn. Aus dësem Grond hunn si sech entscheet een exklusive Video erauszebréngen, deen ee Bléck hannert Kulisse vum Song weist.

Wat een direkt ab der éischter Sekonn spiert, ass d’Freed an di ganz Energie déi si an des Single gestach hunn. Ee Message soll ganz besonnesch aus dem Video erausstiechen.

Virun allem, sou d’Lady Gaga, well hat seng kloer Visioun weisen: “ d’Fra an de Virdergrond stellen an se zelebréieren”. Hat an Ariana Grande sinn nach ëmmer begeeschtert vun der Léift zu “Rain on me” an si wëllen de Spaass weisen, deen si beim Dréi haten.

Ee klengen Abléck an d’Welt vun zwee risegen Talenter, vun deene mer mat Sécherheet an Zukunft nach deen een oder aneren Top-Hit héiere wäerten!