Golfen ass langwéileg? Net wann ee mam Jason Derulo golfe geet. Da kann et souguer richteg geféierlech ginn!

Den Jason Derulo ka gutt sangen, beim Danze mécht en och keng schlecht Figur, an mat sengem Titel "Savage Love" krut en op mannst schonn an Däitschland den Titel vum Summerhit 2020. Just mat eppes schéngt den Jason Problemer ze hunn: golfen. Wéi schif dat anscheinend ausgaangen ass, huet ee Video, wéi och eng Foto op Instagram gewisen.

View this post on Instagram

I don’t like this game @willsmith

A post shared by Jason Derulo (@jasonderulo) on

Den 30 Joer ale Sänger war viru kuerzem mam Will Smith e bësse Golf spillen. De Will huet do anscheinend probéiert dem Jason des Sportaart e bësse méi no ze bréngen. Wann een de Video gesäit, deen déi zwee op Instagram gepost hunn, war den Jason een Tick ze motivéiert. Do kritt de Will Smith nämlech déi zwee viischt Zänn ausgeschloen, wéi den Jason mam Schléier aushëlt. Den Jason well sech doropshin duerch d'Bascht maachen, a kritt awer och nach dem Will säi Schléier of.

Dat Ganzt ass awer natierlech ee Fake. Den Jason huet net wierklech dem aarme Will Smith einfach emol déi zwee Zänn ausgeschloen. An se kënnen sech och nach ëmmer leiden! Et ass och net fir d'Éischt, dass den Derulo esou een Zant-Prank mécht. Op engem TikTok Video hat de "Savage Love" Sänger senge Fans schonn eemol Angscht gemaach. Do hat en den "Life-Hack" probéiert, bei dem een ee Maiskolben op eng Buermaschinn stécht, fir en dann esou z'iessen.