© Pexels
Och elo gëtt nach gréisstendeels all Event ofgesot. Ausser zu Düsseldorf. Do soll et ee Concert mat 13'000 Leit ginn.
De 4. September soll et zu Düsseldorf ee Concert ginn. An dat net mat just e puer honnert Leit. Ganzer 13'000 Leit solle bei dësem Event dobäi sinn. Et wier déi éischte Kéier, dass een offiziellt Musek-Event an dëser Gréisstenuerdnung géif oflafen, zanterdeem d'Pandemie ugefaangen huet.
Optrieden sollen de Bryan Adams, d'Sarah Connor, de Rea Garvey oder och de Comedian Michael Mittermeier. Nimm, déi also sécher genuch Leit unzéier wäerten. Mee genee dowéinst steet de Concert an der Kritik. De Gesondheetsminister vum Bundesland Nordrhein-Westfalen huet zum Beispill gesot, dass en sech guer net sécher wier, op des Veranstaltung iwwerhaapt legal wier.
Elo huet sech awer d'Sarah Connor zu Wuert gemellt. Déi 40 Joer al Sängerin seet, dass et d'Suerge vun de Leit versteet. An, dass ee beim Concert d'Situatioun wäert op déi liicht Schëller huelen. Als Mamm vu 4 Kanner, géif hatt ganz kloer wëssen, dass d'Leit einfach just wëllen dass d'Situatioun nees normal gëtt. Et dierft een awer net vergiessen, dass déi ganz Event-Branche ënnert der aktueller Zäit géif leiden. Eleng an Däitschland sinn ronn 150'00' Leit betraff a mussen elo zum Deel zanter Mäerz ouni oder mat manner Akommes eenz ginn. D'Sarah Connor schreift, dass hatt eleng am Laf vum Joer normalerweis ronn 150 Leit beschäftegt. An, dass et vill Leit kenne géif, déi sech mëttlerweil wierklech Suergen ëm hir Existenz maache mussen.
Dofir wier et der Sängerin no elo wichteg, dass d'Leit verstinn, dass de Wee zeréck an d'Normalitéit nach esou bal net komme wäert. An een dofir no neie Konzepter an Alternative siche muss, fir och des Branche elo an an Zukunft z'ënnerstëtzen.