WAP ass e Freiden erauskomm. An elo gëtt et scho Shitstorm.

Et ass déi éischt Single, déi d'Cardi B am Joer 2020 erausbruecht huet. Zousätzlech ass et och nach eng Kollaboratioun mat der Rapperin Meghan Thee Stallion. D'Fans weise sech souwuel vun der Single wéi och vum Video richteg begeeschter Ma de Video huet zwar och vill Haut ze bidden, wéi een et besonnesch vum Cardi B gewinnt ass.  Mee de Video ass definitiv net dowéinst an der Diskussioun.

Eemol ware vill Leit net ganz frou iwwert de Gaaschtoptrëtt vum Kylie Jenner am Video. D'Kylie war zwar net dat Eenzegt wat nieft dem Cardi a Meghan ze gesi war, mee déi eenzeg Fra, déi keng "Person of Color" war. Et gouf souguer eng Petitioun fir d'Kylie aus dem Video eraus ze huelen. Ma d'Cardi huet seng Frëndin awer a Schutz geholl, a gesot, dass et eebe grad drëms gaange wier d'Frae mat allen Hautfaarwen ze weisen.

Ma elo gëtt et awer nach een anere Shitstorm. An zwar wéinst de Kazen déi am Video ze gesi sinn. Riets geet hei och net vu klenge knuddelegen Hauskazen, mee ausgewuessenen Tigeren an Leoparden. Besonnesch d'Déiereschutz-Organisatioun PETA sot, et wier onverantwortlech, dass een am Video d'Impressioun vermëttelt, dass et okay wier déi grouss Kazen esou fir seng eegen Zwecker ze benotzen. Et wier wichteg, dass grad grouss Perséinlechkeete wéi d'Cardi B sech fir d'Wuel vun den Déieren asetzen. An et wier net "Okurrrr" an eiser digitaler Welt net einfach op Computeranimatiounen zeréck ze gräifen.