Net den Diddy eleng, mee méi wéi 100 bekannt Afro-Amerikanesch Männer setzen sech an engem Bréif dofir an.

De Wonsch no Verännerunge weist sech weiderhin. An och oder virun allem am Walkampf. Ma elo huet een oppene Bréif eng ganz kloer Fuerderung un den Joe Biden, deen als Kandidat vun den Demokraten am Walkampf ënnerwee ass. Nämlech: de fréiere Vize-President vum Obama soll eng afro-amerikanesch Fra mat an d'Boot huelen. An dat fir d'Plaz vum Vize-President.

An dëse Bréif gouf vu prominenten Afro-Amerikanesche Männer opgestallt. Dorënner och zum Beispill den Diddy, den Timbaland oder och den Ty Dolla $ign. Am Bréif gëtt zum Beispill kritiséiert, dass afro-amerikanesch Fraen zwar gäre gesi sinn, fir d'Demokraten z'ënnerstëtzen, sech fir hir Idealer anzesetzen, mee net fir héich Positiounen consideréiert ginn. An dat misst änneren. Wann d'Demokraten et verpassen eng Afro-Amerikanerin ze nominéieren, kéint se dat d'Wiel kaschten, esou heescht et weider am Bréif.

Et ass net deen éischte Bréif an der Richtung. Scho virdrun haten eng 700 Afro-Amerikanerinnen een oppene Bréif opgesat, fir genee dat selwecht ze fuerderen. Elo wëllen d'Männer hir Solidaritéit weisen.

Des Fuerderungen kommen nodeems den Joe Biden sech offiziell dozou verflicht huet eng Fra als Vize-Präsidentin mat an d'Boot ze huelen. Et rechent een domat, dass d'Kandidatin nach des Woch public gemaach gëtt.