Dem Taylor Swift säin aktuellen Album "folklore" steet fir déi 5. Woch hannerteneen op der Plaz 1 an den USA!

Domat ass d'Taylor déi éischte Kënschtlerin zanter 2 Joer, där et geléngt fir 5 Wochen hannerteneen d'US-Charts unzeféieren. Dee leschte Museker deen dat gepackt hat, war den Drake mat sengem Rekord-Album "Scorpion" am Joer 2018. Och scho mat sengem 2. Studio-Album "Fearless" stoung d'Taylor Swift 2008 fir 5 Wochen op der Eent vun de Billboard-Charts.

Op d'Kënschtlerin et nach eng 6. Woch packt, gi mir dann dëse Freide gewuer. Konkurrenz kéint hatt awer vum Katy Perry a sengem ganz neie Longplayer "Smile" kréien. Mir däerfen also weider gespaant sinn, wéi sech d'Situatioun un der Spëtzt vun den amerikaneschen Album-Charts entwéckelt.