Endlëch huet d'Sängerin Detailer zu sengem éischten Album bekannt ginn!

Mat sengem Mega-Hit ‘Dance Monkey’ ass d’Tones and I, dat als Stroossemusekerin ugefaangen huet, weltwäit bekannt ginn. Dem Toni Watson seng Fans kënne sech elo freeën: A spéitstens 3 Méint bréngt d'Sängerin säin Debut-Album eraus! Um Album, deen nach keen Titel huet, soll aalt Material aus senger Zäit als Stroossemusekerin drop sinn, mee natierlech och nei Lidder, déi am Lockdown entstane sinn.

View this post on Instagram

Hmm

A post shared by TONES AND I (@tonesandi) on

D'Tones And I huet dann och Infos zum Lidd "Fly Away" verroden, dat en Deel vum neie Longplayer soll sinn. De Song gouf wärend Corona geschriwwen an huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Musekerin. D'Lidd soll senge Fans nämlech hëllefen sech besser ze fillen, wann et hinnen eng Kéier schlecht geet. Och wa bis ewell keng Tracklëscht fir den Debut vun Tones And I verëffentlecht gouf, ass ze erwaarden, datt natierlech och Singlen ewéi "UR SO F**KING COOL" a "BAD CHILD" drop ze fanne wäerte sinn.