De Baby-Boom bei de Stare geet weider. Nodeems d'Katy Perry en Donnechden d'Gebuert vu senger Duechter annoncéiert huet, ass et elo um Ed Sheeran.

Nodeems ee Bekannte vum Ed Sheeran schonn der brittescher The Sun gezielt hat, dass de Sänger deemnächst Papp soll ginn.

Elo huet den Ed Sheeran selwer een Update ginn: Schonn d'lescht Woch sinn hien a seng Fra Cherry Eltere vun engem klenge Meedche ginn. Lyra Antarctica Seaborn Sheeran ass den Numm vu senger Duechter. D'Gebuert wier och gutt verlaf, a senge béide Frae géif et och gutt goen.

De Sänger seet och, dass se komplett verléift sinn an hiert klengt Meedchen, a virun allem drëms bieden, dass een d'Privatsphäre vun der klenger Famill respektéiert.