Et war de Start vum Beef tëscht dem Kanye West an dem Taylor Swift: d'VMAS vun 2009. De Kanye wëll awer elo eng Erklärung fir säi Behuelen hunn.

Am Joer 2009, krut d'Taylor Swift den MTV Video Music Award an der Kategorie vun "Best Female Video". Ma wéi et de Präis wollt unhuelen, ass de Kanye West op d'Bün gelaf komm an huet déi deemools 19 Joer al Sängerin ënnerbrach wéi et Merci sot.

Et war ee Moment, zu dem souguer den deemolege President Barack Obama eppes sot, an den Ufank vun engem Sträit, deen och haut nach undauert.

Ma an engem Interview vum 31. August, huet den Kanye dann elo eng Erklärung zu dësem Moment ofginn. Dem Rapper no, wier et Gott selwer gewiescht, deen hien dozou beopdraagt hätt op d'Bün ze goen an de Mikro an de Grapp ze huelen.

Am Podcast "Cannon's Class" vum Nick Cannon sot de Kanye, dass wa Gott net gewollt hätt, dass en op d'Bün rennt a seet "D'Beyoncé hat dee beschte Video", hätt hien, also Gott, de Kanye net an déi éischt Rei gesat mee ganz hannen hin an déi Allerlescht.

De Cannon huet awer gemengt, dass et villäicht un der Fläsch Hennessy geleeën hätt déi de Kanye um rouden Tëppech dobäi hat. De Rapper huet dunn och zouginn dass en zwar staarken Alkohol gedronk hat, mee nëmme well déi ganz Award Show ee "Set Up" war.