Viru gutt 15 Joer huet d'Band Tokio Hotel mat dëser Single hir Karriär gestart. Elo wëll d'Band se nei ophuelen.

Bei den Zwillingen Tom a Bill Kaulitz vun der Band Tokio Hotel hunn en Dënschdeg hire Gebuertsdag gefeiert. Mee si hunn net nëmmen dorop ugestouss, dass se elo 31 Joer al sinn. Eng aner Noriicht dierft esou munch Persoun an hir Teenie-Joren zeréck versat hunn. D'Band aus Däitschland huet nämlech hir Debut-Single "Durch den Monsun" nei opgeholl.

Dës Single huet de Grondsteen fir hir Karriär geluecht an d'Band international bekannt gemaach. Bis mer déi nei Versioun vun "Durch den Monsun" och selwer matsangen dierfen dauert et awer nach e bëssi: d'Fans musse bis Ufank Oktober nach op d'Zänn bäissen a sech mam Original tréischten.