Zanter e Sonndeg schéissen d'Verkafszuele vun "Rain on Me" an "Blinding Lights" an d'Luucht.

Nieft dem Lady Gaga zielt och den The Weeknd zu de grousse Gewënner vun den MTV Video Music Awards 2020. Béid Kënschtler haten dann och d’Geleeënheet genotzt, fir politesch Statements ze setzen. Esou fuerdert den The Weeknd a senger Ried en vue vun der Black Lives Matter Beweegung no Gerechtegkeet fir den Jacob Blake an d’Breonna Taylor.

D’Lady Gaga donieft huet seng Ried genotzt, fir e bëssen Hoffnung an der momentaner Pandemie-Zäit ze verbreeden. D’Kënschtlerin huet awer och un d’Leit appelléiert, hir Masken als Zeeche vu Respekt konsequent unzedoen.

De politeschen a musikaleschen Asaz vu béide Stare soll dann och belount ginn: Ewéi Billboard matdeelt, sinn d’Verkafszuele vu „Blinding Lights“ a „Rain on Me“ säit den MTV-VMAs enorm an d’Luucht gaangen.

Dem The Weeknd säi „Blinding Lights“ gouf als Video vum Joer an als beschte R&B-Video ausgezeechent. Den Dag vun der Show an den Dag drop goufen dann insgesamt 5.000 Downloads vum Lidd verkaf. Dat sinn 95% méi ewéi un den zwee Deeg virun de Video Music Awards. Änlech gesäit et beim Lidd „Rain on Me“ vum Lady Gaga an Ariana Grande aus. Hei goufen 3.000 Downloads méi verkaf, wat ronn 139% méi sinn.

Vum 30. bis den 31. August goufen awer am Ganzen all Lidder besser verkaf, déi op den MVA’s op d'mannst eng "Moon Person" gewonn hunn. Mat zesummen 13.000 Downloads géintiwwer 8.000 um Dag virdru weist sech hei eng Hausse vu 65%.