An der Famill Eilish gëtt et vill musikalescht Talent. Dat beweist och nees op en Neits de FINNEAS mat senger neier Single "What They'll Say About Us".

De Finneas O'Connell huet zwar nëmmen 23 Joer, mee scho méi wéi eemol bewisen, dass him d'Musek am Blutt läit. Schonn am Alter vun 12 Joer huet hien ugefaange Lidder ze schreiwen, opzehuelen an ze verschaffen. Als Co-Produzent vun der Musek vu senger klenger Schwester, huet hien dunn richteg grouss Erfolleger konnte feieren.

2019 huet de FINNEAS dunn eng éischt EP erausbruecht, déi sech "Harmony" nennt. Een éischte kompletten Album gëtt et awer nach net. Seng nei Single "What They'll Say About Us" huet de FINNEAS elo an der Corona-Pandemie geschriwwen. D'Inspiratioun dofir koum wéi de Finneas bei enger grousser Protestaktioun zu Downtown L.A. war, an zesumme mat honnerten aneren fir de Stopp vum Rassismus protestéiert huet. Gläichzäiteg war de Schauspiller Nick Cordero am kënschtleche Koma wéinst Komplikatiounen duerch de Coronavirus. De FINNEAS huet sech dobäi firgestallt, wat dat fir d'Fra vum Schauspiller bedeit huet. Do ze setzen an ze hoffen, dass hire Mann nees zou sech kënnt. An un all déi Millioune Leit ronderëm d'Welt geduecht déi genee dat duerchmaachen. An net jiddereen d'Chance huet, dass hir Léifst d'Krankheet iwwerliewen.