Mat 18 Joer schonn an der Ëffentlechkeet ze stoen ass net ëmmer einfach. Dofir wëll d'Sängerin verschidde Saachen och léiwer privat halen.

D'Billie Eilish ass net nëmmen eng exzeptionell Musekerin, mee och een Idol fir Millioune vu Fans. An déi verfollegen och all Moment vum Billie sengem Liewen. Ma d'Sängerin wëll awer och an Zukunft probéieren esou vill wéi méiglech vu sengem Liewen och effektiv privat ze halen. Dat besonnesch wann et ëm seng Relatioune geet.

Wéi d'Billie an engem Interview mat Capital FM sot, wéilt hat zum Beispill ni iergendeng Relatioun op de sozialen Netzwierker public maachen. Well, soubal esou eng Relatioun an der Ëffentlechkeet ass, gëtt se och sécher thematiséiert. An et gi vill Spekulatiounen ugestallt. Mee virun allem sot d'Billie, dass et dee Moment géif fäerten wann d'Bezéiung an d'Bréch geet. Et hätt ze dacks matkritt, wéi d'Press an och d'Fans do dann all Sekonn analyséieren. Eppes wat hatt selwer léiwer net erliewe wëll.

Et ass net fir d'Éischt, dass d'Billie sech ronderëm seng Privatsphäre ausdréckt. Déi 18 Joer jonk Fra huet zum Beispill och schonn erkläert, dass seng weit Kleeder keen Zoufall sinn. Well Fraen allgemeng an Stars ganz besonnesch dacks op hir Figur bewäert ginn, refuséiert d'Billie ze vill vu senger ze weisen. Fir d'Billie huet keen ee Recht drop genee ze wësse wéi säi Kierper ausgesäit. A wat d'Leit manner wëssen, wat se och manner Geleeënheeten hunn iwwert eppes ze schwätzen, vun dem se schlussendlech awer keng Anung hunn.