De richtege Luxembourg Open Air muss nach e bësse waarde ma den 12. September gouf et trotzdeem Festival-Feeling op Distanz.

Zanter leschtem Joer gehéiert de LOA Festival zu de grousse Festivals hei zu Lëtzebuerg. Nom Succès vum leschte Joer hat een och fir 2020 e grousst Event geplangt. Op der Place de l'Europe um Kierchbierg sollt den 12. an 13. September déi 2. Editioun vum Luxembourg Open Air organiséiert ginn. Wéinst dem COVID-19 huet dëse misse verréckelt ginn, den neien Datum ass de 24. a 25. Abrëll 2021!

Ma fir de Leit um ursprénglechen Datum awer eppes kënnen ze bidden huet d’Organisatioun un enger Alternativ fir 2020 geschafft a sech e Streaming Event afale gelooss. De Samschdeg, den 12. September, konnt ee vun 18h00 bis 21h00 online beim LOA Livestream dobäi sinn an esou 3 lokal DJ-Sets erliewen.

Dear LOAvers, let’s unite for a unique digital experience from the heart of Luxembourg city ❤️🧡💛 Join our livestream...

Posted by LOA - Luxembourg Open Air on Friday, September 4, 2020

Heimat wollt een d’Festival-Fans net onbedéngt vertréischte mee einfach d’Virfreed op dat eigentlecht Event steigeren. Dat engersäits da mam Stream, an natierlech spéider och mat der 2. Phas vum Line Up.

Wéi de Sebastian Jacqué eis confirméiert huet gëtt de Leit de komplette Lineup deen am September geplangt war och am Abrëll ugebueden. Ier et esouwäit ass, awer zréck bei d’Streaming-Event mat de lokalen Djen: Dasic, Delmate an Ironik.

Lauschtert hei den Interview mam Sebastian Jacqué

D'Location vum Stream gouf ufanks net verroden. Der Organisatioun no, sollt et awer eng vun de schéinste Plazen, déi Lëtzebuerg ze bidden huet, sinn. A si sollte Recht behalen:

Weider Updates an Informatioune fannt dir hei.