Déi amerikanesch Band war den 9. August beim "Sturgis Motorcycle Rally" opgetrueden.

Wärend 10 Deeg gouf den Sturgis Motorcycle Rally ofgehalen. Den 9. August stoung den Optrëtt vun der Cover-Rockband "Smash Mouth" um Programm. Déi amerikanesch Band ass duerch Lidder wéi "Allstar" oder och "I'm a Believer" bekannt ginn, déi och zum Soundtrack vun de "Shrek" Filmer gehéiert hunn.

Ma beim Optrëtt goufen awer quasi keng Moossnamen vum Social-Distancing agehalen. D'Leit hate gréisstendeels keng Masken un, an hunn och keen Ofstand zouenee gehalen. De Lead-Sänger Steve Harwell huet dem Publikum souguer nach zougeruff "We are all here together tonight! F*ck that COVID shit!".

Ma duerno ass bekannt ginn, dass wäit iwwer 100 Persounen positiv op de Coronavirus getest goufen, déi um Festival waren. Um 4. September, also mol kee Mount nom Concert vu Smash Mouth ass dann elo een ongeféier 60 Joer alen Amerikaner un de Suitte vu Coronavirus gestuerwen. Dëse soll och scho gesondheetlech Problemer gehat hunn.