Dat, nodeems ee Geriicht zu LA an engem Recours decidéiert hat, dass d'Plagiatsvirwërf vis a vis vu "Shake It Off" handfest genuch sinn.

Eigentlech hätt ee kënnen denken, dass déi ganz Affär gekläert ass. Nodeems am Joer 2018 de Prozess ronderëm d'Virwërf vu Plagiat agestallt gouf, huet op mannst d'Taylor Swift wuel kaum domat gerechent, dass d'Diskussioun ronderëm Shake It Off nees weidergeet.

Am Joer 2017 hat et sech fir d'Songschreiwer Sean Hall an Nathan Butler "ausgeshaked". Déi zwee hu kengem aneren wéi dem Taylor Swift virgeheit, dass d'Melodie vu sengem Mega-Hit "Shake It Off" bei hinnen zum Deel geklaut gouf. D'Lidd ëm dat et sech handelt, heescht "Playas Gon' Play" vun der Girl Group 3LW aus dem Joer 2001.

Ma 2018 huet d'Geriicht nach dem Taylor Swift Recht ginn. Elo huet ee Riichter vun LA, de Michael Fitzgerald awer an engem "Appeal-Prozess" decidéiert, dass déi zwee Songwriter genuch Beweiser a Sequenzen erausgeschafft hunn, déi hien fir méi relevant an iwwerzeegt ugesäit, fir mam Prozess nees unzefänken.

D'Sequenz déi an der Diskussioun steet ass de Refrain. D'Taylor séngt "Players gonna play, play, play, play, play" and  the haters gonna hate, hate, hate, hate, hate". Beim "Original" gëtt "Playas, they gonna play and haters, they gonna hate."