Seng Fans hunn dem Sänger e puer Wonsch-Kombien matgedeelt.

An der Instagram Story dierften d'Fans vum Rea Garvey dem Sänger Froe stellen déi hinnen op der Zong louchen. Ganz besonnesch hunn d'Fans vum iresche Sänger dofir interesséiert, mat wiem hien an Zukunft zesummen am Studio stoe wéilt. An dem Rea och direkt e puer Virschléi gemaach.

Eemol wënsche sech d'Fans, dass de fréiere Leadsänger vu Reamonn sech mat engem aneren Ir zesummen deet. An zwar dem Michael Patrick Kelly, dee jo duerch seng Karriär mat senger Famill, der Kelly Family bekannt gouf. Do wier de Rea och direkt dobäi wéi e senge Fans sot. Ma och mat sengem fréiere Rival an elo Team-Kolleg bei "The Voice", dem Samu Haber, géif en sech direkt zesummen doen fir ee Stéck zesummen opzehuelen.

Ob dat Realitéit gëtt ass awer nach net kloer, well déi zwee nach net op dem Rea Garvey seng Propose reagéiert hunn. Just een ass scho sécher dobäi. An zwar de Mark Forster. Hie war ee weidere Wonschkandidat vun de Fans, an huet och scho matgedeelt, dass e bei esou enger Aktioun sécher dobäi ass.

© Mark Forster / Rea Garvey / Instagram Screenshot