D'Fans vun der Sängerin dierfe sech op nei Musek freeën

Fir déi eng ass den natierleche Liewensraum dobaussen an der Natur, anerer fille sech just doheem op der Couche esou richteg wuel. Ma dem Rita Ora säin "natierleche Liewensraum" gesäit awer nach e bëssen anescht aus. Déi brittesch Sängerin fillt sech virun allem am Tounstudio wuel. A genee dohin ass d'Sängerin elo nees zeréck gaangen.

Op sengem Instagram-Account huet d'Rita dofir direkt 4 Fotoe mat senge Fans gedeelt, op deenen een hatt am Studio gesäit. Schonn am Juni hat d'Sängerin matgedeelt, dass et géif Zäit gi fir zeréck an de Studio. Wéini nei Musek, an ob et och villäicht ee ganzen Album gëtt, huet d'Rita awer net gesot.