D'Taylor sammelt weider fläisseg Rekorder mat sengem Album "Folklore"

D'Taylor Swift huet mat sengem leschten Album seng Fans an och d'Kritiker iwwerrascht an iwwerzeegt. Dat gesäit een och an den amerikaneschen Album-Charts. Zanter 6 Wochen steet "folklore" elo op der Nummer 1.  Ma am Laf vu senger Karriär, stoung d'Taylor scho puermol mat sengen Alben ganz uewen un der Spëtzt vun de Billboard Top 200. Am Ganze sinn et elo 46 Wochen. An domat huet d'Taylor et fäerdeg bruecht dem Whitney Houston säi Rekord anzehuelen. Déi verstuerwe Sängerin war bis elo déi Sängerin, déi am meeschten Zäit un der Spëtzt vun den Albumcharts verbruecht huet.

Ma bis d'Taylor awer déi Persoun ass, déi sech am längsten op der Plaz 1 gehalen huet mat sengen Alben, dauert et awer nach. Do hunn d'Beatles nämlech de Rekord: am Ganze hunn déi 19 Albe vun der brittescher Band ganzer 132 Wochen d'Charts dominéiert.