De Moment mécht d'Selena Gomez manner Musek mee dofir méi Make-Up. An et huet elo och bëssen iwwert seng fréier Bezéiunge geschwat.

Aktuell muss nei Musek beim Selena Gomez nach e bësse waarden. Zanter e puer Wochen ass dem Selena seng Make-Up Linn dobaussen. A wat Rare Beauty esou kann, huet d'Sängerin an engem Interview mat der Youtuberin Nikkie gewisen, bei dem sech déi Zwee geschminkt hunn. Wärend dem Schminken kann een awer natierlech och schwätzen. An dat hunn se och gemaach.

Do koum dann och d'Diskussioun op ronderëm Léift a Bezéiungen. D'Selena ass jo aktuell Single. Ma d'Sängerin huet awer gemengt, dass et elo an der Corona-Pandemie och net einfach wier un dësem Zoustand eppes ze änneren.

Donieft huet d'Sängerin och gemengt, dass Männer vill Aarbecht wieren. An, dass all seng Ex-Frënn hatt fir verréckt hale géingen. Mee, wéi d'Selena awer sot, wier him eigentlech egal wat déi vun him denken.