Am Video gesäit een d'Plus-Size TikTokerin Huntington Parson danzen a sech ameséieren.

Der Sängerin ass eng positiv Astellung zum eegene Kierper wichteg. Dat huet scho seng Debüt-Single "All About That Bass" demonstréiert.

Seng Single "Make You Dance" ass eréischt am Juli eraus komm, als Zousaz-Track vun der Deluxe-Versioun vum Album "Treat Myself". An ee Video gouf et zwar scho fir d'Single, mee trotzdeem huet d'Meghan decidéiert d'Leit op een neits zum Danzen ze bréngen.

Dofir huet d'Sängerin sech mat der TikTokerin an Hip-Hop Dänzerin Huntington Parson zesummegedoen. Am Video gesäit een déi 19-Joer al Fra danzen a laachen. Virun allem ass d'Huntington dofir bekannt, dass et sech net fir säi Kierper schummt. An obwuel et villäicht net dem Stereotyp vun der schlanker Dänzerin entsprécht awer déi richteg Moves drop huet. Et geet drëms ze weisen, dass ee sech egal wéi een ausgesäit gutt fillen dierf an och soll.