Bei der Opnam vun den MTV Video Music Awards gouf et een Tëschefall mat engem Mataarbechter.

Fir d'VMA's dëst Joer missten d'Optrëtter vun deene verschiddene Stars schonn am Viraus opgeholl ginn. A bei der Opnam vum Miley goufen et zwee Virfäll, déi der Sängerin nawell sauer opgestouss sinn. Dat huet d'Sängerin elo an engem Interview bei "The Joe Rogan Experience" erzielt.

Bei sengem Optrëtt vun de VMA's huet d'Sängerin seng neiste Single "Midnight Sky" performed. Wéi d'Miley een éischten Test gemaach huet fir d'Opnam huet d'Sängerin gefrot, dass d'Luucht direkt op hat géif schéngen. Ma virun allem wollt d'Miley awer net, dass dobäi esou genannte "Beauty Lights" benotzt ginn. Des wiere virun allem reegelméisseg am Asaz wa Sängerinnen op der Bün stinn. Genee dat huet d'Miley awer gestéiert. Wéi et an der Diskussiounsronn sot, géif keen op d'Iddi kommen zum Beispill beim Travis Scott esou eng Luucht anzesetzen, oder hien a Fro ze stellen, wann en dat net wëll.

Wéi d'Miley duerno mat engem vu senge Braceleten a sengem Rack hänke bliwwen ass, huet dunn ee vun den MTV Produzenten zu him gesot: Du wëlls jo gäre wéi een Typ behandelt ginn? Ma bei engem Typ hätte mer deen dote Problem guer net!"

Eng Remark déi dem Miley absolut net gefall huet, an eng ganz einfach Äntwert krut. D'Sängerin sot deemno zu him, dass een Typ déi Show net mat dem selwechte Sexappeal verkafe kéint wéi hatt et mécht.