Schonn d'lescht Woch gouf matgedeelt, dass een US-Amerikaner un de Suitte vum Coronavirus gestuerwen ass. Dat nodeems en de Virus beim Concert krut.

De Skandal ronderëm de Concert vu Smash Mouth geet weider. Nodeems d'Band den 9. August um Sturgis Motorcycle Rallye opgetrueden ass, hat déi amerikanesch Gesondheetsbehörd matgedeelt, dass wäit iwwer 100 Corona-Fäll a verschiddene Bundesstaaten op de Festival a präzis op de Concert vun der Band zeréck ze féiere war.

Ma eng Etüd huet sech elo nach eemol domat beschäftegt, wéi vill Leit effektiv duerch dëse Festival mam Coronavirus infizéiert goufen. D'Fuerscher vun der Sand Diego State University hu sech nämlech gefrot, ob den "Sturgis Motorcycle Rallye" als ee sougenannte "Superspreader" Event kéint qualifizéiert ginn.

D'Konklusioun vun der Etüd: duerch den Sturgis Rallye hu sech de Schätzunge vun den Fuerscher no ronn 263'708 Persounen infizéiert. Wann een dat op d'Period vum 2. August bis den 2. September kuckt, mécht dat 19% vun all den Infektiounen an den USA aus, bannent engem Mount.