Mat hirer neier Single "Dynamite" kënnt déi südkoreanesch Grupp och an den USA richteg gutt un.

Déi südkoreanesch K-Pop Band BTS huet et mat hirer englescher Single "Dynamite" elo schonn déi zweete Kéier ganz uewen hi gepackt vun de Billboard Hot 100. Am Ganzen hu se mat hirer Musek schonn 8 Wochen un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts verbruecht. Iwwerhaapt huet d'Band duerch "Dynamite" et fäerdeg bruecht als éischt südkoreanesche Kënschtler ganz uewen an den amerikaneschen Charts ze sinn.

Donieft gouf "Dynamite" méi wéi 17,5 Millioune mol gestreamt an den USA, an 182'000 mol als Download verkaf.